Christmas Team Events

Chrëschtbeem fir
Grossisten / Gäertner / déi grouss Distributioun / Blummebutteker

Christmas Team Events ass am Juni 2012 gegrënnt ginn, an ass zu Sonlez (Lëtzebuerg) baséiert.

D’Societéit commerzialiséiert bal 200.000 Chrëschtbeem duerch ganz Europa.

D’Produktioun fënnt op hirem 150-Hektar groussen Terrain an der Belsch statt.

Zënter hirer Creatioun wisst d’Societéit stänneg.

Ausser dem Groussverkaf direkt vum Produktiounssite, ass d’Filiale « Nature & Sapins » och aktiv um MIN zu Rungis vertrueden.

 

visitezsnns

Eis Dännen :

Logistik

Christmas Team Event huet Partnerschafte mat e puer Transportfirmen op déi ee sech verloosse kann, fir Liwwerungen a Frankräich, England, Holland an Italien.

Zéckt net eis Expertise unzefroen, mir diskutéieren zesummen iwwert d’Transportkäschten.

Contact us


    Christmas team events s.a.

    Rue Jean-Baptise Determe, 27 • L-9647 Sonlez • Luxembourg

    Tel.: +352 26 95 40 50 | Fax : +352 26 95 40 52
    Mail.: info@christmas-team-events.com

    Stéphan Lamby - Administrateur délégué

    Tel.: +352 661 78 21 37
    Mail.: stephan.lamby@christmas-team-events.com

    Tel.:
    Mail.:

    Tel.:
    Mail.:

    Nordmann

    Abies Nordmanniana

    Abies Nordmanniana, oder Nordmann Dänn, ass wuel déi am meeschte geschätzte Varietéit vu Chrëschtbeem. D’Nordmann Dänn representéiert 85% vun eise Venten.

    Eegenaarten :

    gläichméisseg geformt

    d’Nole bleiwe ganz laang frësch no der Coupe

    eng donkelgréng glänzend Faarf

    laang Nolen, déi platt a mëll sinn, an net picken

    Sizes :

    nordmann_def

    Disponibel geschnidden oder am Dëppen.

    Épicéa

    Picea Abies

    Picea Abies, Epicea genannt, ass den traditionnelle Chrëschtbam.

    Eegenaarten :

    Faarf : kräfteg gréng

    e ganz agreabelen Doft no Haarz

    en attraktive Präis

    Sizes :

    epicea_def

    Disponibel geschnidden oder am Dëppen.

    Fraséri

    Abies Fraser

    Abies Fraseri, oder einfach Fraseri. Dës Varietéit ass an England ganz beléift, si sollt e feste Bestanddeel vun all schéi Gäertnerei sinn.

    Eegenaarten :

    wéi de Nordmann, verléiert de Fraseri och keng Nolen

    donkelgréng, mat Nolen, déi sëlwer schimmeren

    pyramidal Form duerch déi verschidde Coupe während der Croissance

    e ganz agreabelen Zitrounendoft

    Sizes :

    fraseri4

    Disponibel geschnidden oder am Dëppen

    Nobilis

    Abies Nobilis

    De Nobilis, nach déi nobel Dänn genannt, ass eng ganz recherchéiert Varietéit, fir säin atypsiche Laf, an deen eemolgen Doft.

    De Nobilis ass ee vun eise beschte Produiten, direkt aus eiser Produktioun aus der Bretagne : eng wonnerbar Qualitéit.

    Et besteet d’Méiglechkeet separat Äscht ze liwweren.

    Eegenaarten :

    eng gréng-blo Faarf

    d’Nole bleiwe laang erhalen no der Coupe

    en agreabele Bëschdoft

    ass hëtzt-resistent, seng Äscht gi gäre benotzt vun den Dekorateuren an de Blummebutteker

    Sizes :

    nobilis_def

    Disponibel geschnidden oder am Dëppen.

    Pungens

    Picea Pungens

    Picea Pungens, oder einfach Pungens, gëtt duerch säi gro-bloe Laf charakteriséiert.

    Eegenaarten :

    d’Äscht sinn dicht bewuess a schéi verdeelt

    de Bam ass e bësse pickeg awer ganz resistent par rapport zu den Dekoratiounen

    ass méi hëtzt-resistent wéi den Epicea

    e richtegen Dännendoft

    ideal fir « flockéiert » Dännen ze preparéieren

    Sizes :

    pungens_def

    Disponibel geschnidden oder am Dëppen.

    Déi « flockéiert » Dänn

    Dës Dänn, hirgestallt ausgehend vun enger Nordmann-, Epicea- oder Pungensdänn, ass mat speziellem Pesch a kuerzen Textilfasere bedeckt, déi hir eng spezifesch Faarf an eng Textur, déi u Schnéi erënnert, ginn.

    Extrem dekorativ, ass dës Dänn perfekt fir Äre Salon, oder fir eng grouss Hal, en Akafszenter, eng Vitrine, etc.

    Dës Dänn gëtt et, hydrofugéiert an ignifuge. Si gëtt vill vun Dekorateure benotzt.

    Eegenaarten :

    Eng ganz Palette vu Faarwe ginn ugebueden.

    Sizes :

    floque_def

    eng Palett

    Mir benotze Paletten (260*120*240) fir déi geschnidde Beem, a Paletten (220*120*240) fir d’Beem an den Dëppen oder am Buedem. Dëst ass am Beschten, fir grouss Quantitéiten – bis zu 10 Palette kënnen an ee Camion verluede ginn.

    De + :

    D’Transportkäschte si wesentlech reduzéiert.

    More info? Contact us

    eng Box-Palett

    Ideal fir déi grouss Distributioun. Mir benotze Boxen mat dëse Moossen: 100*120*130. Mir proposéieren och Boxe mat aneren Dimensiounen.

    De + :

    Liicht ze handhaben an ze déplacéieren, ideal fir geschnidde Beem, prett fir de Verkaf.

    More info? Contact us

    Roll CC

    Dëst ass eng metalle Këscht op Rieder. Ideal fir de Verkaf an engem Zelt oder op engem Parking.

    De + :

    D’Rieder erméiglechen en einfachen Transport.

    More info? Contact us

    Am Lassenen

    Einfach fir of- an opzelueden, och fir grouss Beem.

    De + :

    Passt op all Gefier, néideg fir Liwwerungen an de Stied.

    More info? Contact us